Sam., 05. Feb.

|

Kannercampus Belval

Match: Handball Bieles - HB Museldall (Playoff Hommes)

Match vun de Playoffs vun den Hären: Handball Bieles géint den HB Museldall den 5. Februar um Kannercampus Belval Um 20:15 spillen uschléissend eis Dammen doheem géint d'RedBoys

Registration is Closed
See other events
Match: Handball Bieles - HB Museldall (Playoff Hommes)

Datum an Plaaz

05. Feb. 18:00

Kannercampus Belval, Av. du Blues, Sanem, Luxemburg

Iwwert d'Event

D'Playoffs Relegatioun 2021/2022 steet un a bei den Hären an hei steet de nächsten Heemmatch um Programm:

Handball Bieles VS HB Museldall

De Match gëtt gespillt Samschdeg 5. Februar 2022 um 18:00 um Kannercampus Belval

Um 20:15 spillen uschléissend eis Dammen géint den HB Esch!

D'Buvette ass erëm ob!

Opgepasst: et sinn limitéiert Parkplaazen bei der Hal; mir recommandéieren, Iech an der rue Waassertraap (Belvaux) ze parken, hei sti genuch Parkplaazen zur Verfügung. Wegl. haalt Iech un déi agezeechent Parkplaazen.

Bei dësem Match handelt et sech em en COVID-Check Evenement (2G+): Deementspriechend kenne just geimpften oder geheelte Persounen Accès zu de Matcher kréien. Zousätzlech muss all Persoun negatif getest sinn (Autotest ob der Plaaz, zertifizéierte Schnelltest < 24h oder PCR-Test < 48h jeeweils mat engem QR Code). Persounen, déi eng Opfrëschungsimpfung (Booster) kruuten, sinn vun dëser Testpflicht net betraff. Zousätzlech muss all Persoun eng Pièce d'identité virweisen (Carte ID, Pass, Führerschäin, Schülerkaart mat Foto).

Kanner ënner 12 Joer an 2 Méint faale net ënnert dëse Regime.