top of page

WE FIGHT FOR JOY

Den 10. Oktober 2018 hunn eis Damme ganz onerwaart eng Spillerin a Frendin verluer. Joy, mir wäerten dech ni vergiessen!

Message vum 10. Oktober 2018 vum HBB:

Säit iwwer engem Joer konnte mir dech bei eis an der Dammenequipe zu Beetebuerg begréissen. Et ass keen Training a kee Match vergaangen, wou mir net vun denger Energie, denger Freed an denger Motivatioun gestäerkt gi sinn. Als eis „Maschinn“ hues du gekämpft, all eenzel Sekonn wou's de um Terrain stoungs, an och all eenzel Sekonn wou's de op der Bänk waars. Mir hunn zesumme gekämpft, heiansdo gewonnen, heiansdo verluer, awer virun allem ëmmer gelaacht. Mir all hunn dech net nëmmen als eng Matspillerin dierfte kenne léieren, mä als Frëndin. Du has en oppent Ouer, hues een a schlechte Momenter awer ëmmer erëm zum Laache bruecht an du waars fir jiddereen aus der Equipe do.

 

E Sonndeg den Owend si mir leider gewuer ginn, dass däi Gesondheetszoustand sech ganz onerwaart verschlechtert huet. Säit deem ass keng Sekonn vergaangen, wou mir net un dech geduecht hunn, keng Sekonn wou mir net gebiet a gehofft hunn. Ni awer hu mir d’Hoffnung opginn, well mir dech alleguerte kennen Joy. Mir kennen däi Kampfgeescht, deng Kraaft, deng Energie. Mä leider krute mir en Dënschdeg déi ontréischtlech Nouvelle, dass dëse Kampf ze schwéier sollt sinn.

 

Léift Joy, deng ganz Equipe wäert dech ni vergiessen. Mir wäerten dech ëmmer bei eis an der Mëtt hunn, an et wäert keen Training, kee Match, jo keen Dag vergoen, wou mir net un dech denke wäerten. Mir wäerten all Match um Terrain stoen a fir dech kämpfen. We fight for Joy! Joy, du feels eis alleguerten onwarscheinlech. Mir soen dir vun Häerze Merci dass mir dech dierfte Kenne léieren.

 

Pass gutt op dech op do uewen Joy. Mir all hunn dech gär!

Deng Equipe


Jérôme, Ariane, Barbara, Camille, Cindy, Cynthia, Diana, Frank, Janina, Jessica, Lea, Lydie, Max, Michelle, Myriam, Myriam, Sandy, Tatiana.

Joy_Cover.png
bottom of page