Den HBB sicht e neien Dammen-Trainer

Wéi den aktuellen Dammen-Trainer Laurent Melchior matgedeelt huet, wäert hien zesumme mat senge Meedescher de Club vir en aanere Club verloossen. Domat stinn d'Dammen elo ouni Trainer do.


Den Handball Bieles sicht dofir e motivéierten Trainer fir seng Dammen!


  • Du bass motivéiert an engagéiert, fir eng Dammen-Equipe an der AXA League ze trainéieren?

  • Du wëlls e neie Projet ënnerstëtzen an hëllefen eng Equipe opzebauen?

  • Du hues Freed an Erfahrung am Handball?


Da mell dech bei eis - mir sichen DECH, fir dass eis Dammen och déi kommend Saison'en gutt virbereed starte kennen. Mell dech bei eis (info@handball-bieles.lu oder 621 156 830).