top of page

Den HBB spillt d'Playoffs Relegatioun

No der Championnat-Phase an der AXA League geet et weider mat de Playoffs. Am Championnat huet den HBB seng éischt Saison (déi nach als Handball Bettembourg gespillt gi war) op der leschter Plaaz ofgeschloss. Den HBB hat an senger éischter Saison an der Nationaldivisoun e schwéieren Astand mat huet probéiert, beschtméiglech matzehaalen. Virun allem am Match géint den Handball Esch, wou et um Enn en Remis gouf, konnt den HBB awer seng Steigerung weisen.


Bedéngt duerch déi leschte Plaaz an der Tabell muss den HBB zesumme mam HC Standard (allebéid aus der AXA League) sou wéi dem HC Réiden an dem HB Mersch (allebéid Promotioun) ëm d'Plaazen an der AXA League spillen. Déi zwou éischt Equippen no de 6 Matcher vun de Playoffs aus der Tabell wäerten d'Saison 2021/2022 an der Nationaldivisioun spillen, déi aaner 2 Equippen wäerten d'Promotioun spillen.


Eng Lëscht mat de Matcher fannt dir hei:




bottom of page