Halbzäit an de Playoffs

Déi éischt 3 Matcher vun de Playoffs Relegatioun si gespillt an domat ass d’Hironn ofgeschloss. Den HB Bieles steet aktuell op der drëtter Positioun.

D’Playoffs hunn ugefaangen mat engem Match auswäerts géint d’Dammen vum HC Standard. Hei huet sech Bieles missen um enn mat 23:20 geschloen ginn.

Den zweete Match war doheem géint eng jonk mierscher Equipe. Hei konnt den HBB Motivatioun tanken an de Match kloer mat 27:7 fir sech entscheeden.

De leschte Match vun der Hironn war dunn auswäert géint Réiden. An engem ganz serréierte Match sollt et um Enn knapp net duergoen, béid Equippen hu sech 21:20 getrennt a Réiden konnt domat 2 Punkten huelen.

Eis Dammen stinn domat um Enn vun der Hironn op der drëtter Plaaz. An de Retour-Matcher gëllt et dofir vollgaas ze ginn, a keng Punkte leien ze looss