top of page

Handball Dag 2022

D'Handball Federatioun (FLH) organiséiert 2022 eng éischte Kéier d'Handball Deeg, mam Zil, deene Jonken den Handball méi no ze bréngen. Och den Handball Bieles hëlt heirun deel.


Dofir organiséiert den Handball Bieles Samschdes den 8. Oktober 2022 den Handball-Dag um Kannercampus Belval. Hei kennen déi jonk iwwert de ganze Nomëtteg den Handball op spillerech Aart a Weis kenne léieren. Um Programm steet:


  • 13:00-15:00 Schnuppertraining an Atelieren fir Kanner tëscht 4 a 7 Joer

  • 15:00-17:00 Schnuppertraining an Atelieren fir Jonker tëscht 8 an 14 Joer

  • 18:00 Championnats-Match HB Bieles VS HC Atert (Hären; gratis Entrée)


Natierlech kennen och méi aaler un dësem Dag eise Sport entdecken.


Den Entrée an d'Participatioun ass gratis. De ganzen Dag ass fir Animatioun gesuergt an d'Kaffisstuff ass op.


Sidd dobäi an entdeckt mat eis den Handball!




bottom of page