Nei Trikote fir den Handball Bieles

Zu engem neie Numm, neie Logo a neier Gemeng gehéiert als Club natierlech och eng nei Unform. Dëse Weekend konnten eis zwou Senior-Equippen eng éischte Kéier an der neier Uniform oblaafen.


Während eis Dammen an de neien Heem-Trikoten an der Faarw NAVY BLUE gespillt hunn, hunn eis Häeren den neien Auswäich-Trikot an der Farw rout ageweiht. Bei de neien Trikoten handelt et sech ëm Modeller vun der Firma JAKO. Dës goufen an enker Zesummenaarbecht mat eisem neie Partner G-ART ausgeschafft a réaliséiert.



Mir si frou, dass eis Spiller an hiere neien Trikotoen obtriede kennen. An de nächste Wochen a Méint wäerte Stéckweis déi weider Deeler vun der Uniform ugepasst ginn.