top of page

Solidaritéitsaktioun: We show our support!

Sport ass politesch neutral - dat gëllt och fir den Handball Bieles. Den HBB veruerteelt awer ganz kloer all Form vu Gewalt an deemno och Krich! Dofir setze mir um Samschdeg 26.02 en Zeeche mat eiser Solidaritéitsaktioun WE SHOW OUR SUPPORT un d'Ukrain.



Wann e Samschdeg um Kannercampus Belval eis 2 Senior-Equippen hier Matcher spillen, da stinn dës ganz ënnert dëser Aktioun. Zil dovun ass et, als ofschloss vun dëse Matcher en Don un d'CARITAS Lëtzebuerg ze maachen, fir d'Familien an der Ukrain ze ënnerstëtzen.


Gespillt gëtt de 26.02 ab 18:00 Auer

  • 18:00 - HB Bieles VS HC Atert (Hären - Playoff Relegation)

  • 20:15 - HB Bieles VS HB Kaerjeng 2 (Dammen - AXA Friendly League)


Fir d'Aktioun huet den HBB sech eppes spezielles iwwerluecht a wäert deemno säin Don wéi folgt opbauen:

  • 5€ pro Goal deen den HB Bieles de 26.02 schéisst

  • 1€ pro Gedrénks wat den HB Bieles verkeeft de 26.02

  • en groussen Deel vun den Entréesticketen

Zousätzlech kann en Don sur place gemaach ginn.


Dofir sidd dobäi, e Samschdeg 26.02 um Kannercampus Belval (Avenue du Blues).




Dir kennt net kommen a wëllt eis awer ënnerstëtzen? Maacht en Don iwwert Digicash oder kaaft iech online "Tickets solidaires" fir dës Matcher. Dës Ticketen ginn net d'Recht ob eng Entrée mä fléissen awer an den Don fir eis Aktioun.




Opgepasst: e Samschdeg ass d'Ouverture vun Esch 2022. Mir bieden Iech also mat Zäiten do ze sinn respektiv mam öffentlechen Transport ze kommen.

bottom of page