top of page

Éischt Victoire fir den Handball Bieles

E Sonndeg 28. Mäerz ass den Handball Bieles doheem op den Handball Miersch getraff - an de Club konnt domat seng éischt Victoire feieren.


Am Kader vun de Playoffs Relegatioun stoung Sonndes den 28. Mäerz um 18:00 Auer den zweete Match um Programm, dëst tëscht dem HBB an dem Handball Miersch. Den éischte Match war ufanks Mäerz auswäerts géint den Standard, wou den Handball Bieles 23-20 verluer hat.

Um Heemmatch géint Miersch, allgemeng réicht den 2. Match deen um Kannercampus gespillt ginn ass, sinn d'Bielesser Dammen gutt an de Match komm, a konnten direkt a Féierung goen. Eng Féierung déi d'Dammen konstant gehaalen an ausgebaut hunn.



Ma och d'Damme vu Miersch hunn dem Rhythmus, virun allem an der éischer Hallschend, gutt matgehaalen. No der Paus haten d'Gäscht et ëmmer méi schwéier, an den HBB konnt seng Avance konstant ausbauen. Um Enn sollte sech béid Equipen mat engem Resultat vun 27:7 trennen.


Den zweete Match um Kannercampus ass domat och den 2. Match fir den HBB ouni Défaite doheem (Gläichstand géint den HB Esch, an elo d'Victoire géint den HB Miersch). D'Damme konnten an dësem Match wichteg Erfahrung am Zesummespille sammelen, dëst bei enger Equipe déi sech an der aktueller Form nach net esou laang kennt. Dës ass wichteg, fir déi kommend Matcher, déi vu grousser Bedeitung fir den HBB sinn, well et geet ëm näischt manner, wéi em den Erhalt an der AXA League.






De leschte Match vun der Hironn ass Freides den 9. Abrëll um 20:00 Auer zu Réiden. Aktuell stinn d'Dammen no 2 vu 6 Matcher op der 3. Plaaz an der Tabell. Déi éischt 2 Equippen spillen déi nächst Saison AXA League, déi aaner zwou spillen an der Promotioun.




bottom of page