QUIZ-Owend

Den Handball Bieles organiséiert e Quiz-Owend. Dir wëllt Ärt Wëssen ënner beweis stellen oder testen? Da maacht mat bei eisem Quizowend! Mat Froen aus allen Themeberäicher, vum Allgemengwëssen, iwwer spezifescht Wëssen zu Lëtzebuerg bis hin zu de neiste News! An dat bescht dobäi: fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt - mat eisem Nuddel-Owend

Allgemen Informatiounen:

  • Wéini? Samschdeg 3. Juli 2021

  • Auerzäit? 19:30 - 23:00

  • Wou? FESTIKUSS - 3, rue Jean Anen L-4460 Zolwer

  • Sprooch vun de Froen? Lëtzebuergesch

  • Iessen? Nuddelen mat Zoos au choix (Bolognese, Carbonara, Végétarienne)

  • Wien däerf matmaachen? Jiddereen! Mannerjähreger brauchen allerdéngs eng Autorisation parentale oder mussen a Begleedung vun engem Erzéiungsberechtegten sinn

D'Equippen

  • Dir tried alleng oder an der Equipe un 

  • Maximal 6 Persoune pro Equipe

Präiss

  • Startgeld + Nuddelen mat Zoos au choix: 15,00 €/Persoun

  • Just Startgeld: 5,00 €/Persoun

  • Bezuelen kennt dir am Virraus, iwwert Digicash oder ob der Plaaz (mir akzeptéieren Kaart)

Umeldung
Equipe fir de Quiz umelden

Merci fir Är Umeldung!