Ënnerstëtzt den HB Bieles - Kaaft e virtuellen Ticket oder Gedrénksbong!

D'Saison 2021 ass eng ganz speziell. Duerch déi sanitär Situatioun am Kader vum COVID-19 ass näischt wéi et soss war. Dëst huet och den HB Bieles getraff.

Grad als komplett geännerten a reforméierte Club, sou wéi et den Handball Bieles ass, ass dës Saison ganz schwéier. Duerch géi aktuell Restriktiounen ass et eis net méiglech Zuschauer an der Hal ze hunn an eng Buvette ze organiséieren. Dëst ass fir de Club e gréissere finanzielle Verloscht.

Fir dass eise Club awer weider fonktionnéiere kann, si mir op Ënnerstëtzung ugewisen.

Dofir lancéiere mir virtuell Entréesticketen a virtuell Gedrénksbongen. Wat bedeit dat?

Dir kennt bei eis en Entréesticket oder Gedrénksbongen kaafen. Dës sinn allerdéngs nëmme virtuell, spréch, dir kennt domat net op e Match kommen oder d'Gedrénksbongen aléisen. Mat dësem klengen Don kennt dir awer eisem Club hëllefen an eis Equippen e bëssen ënnerstëtzen. Wann dir keen virtuellen Ticket oder Bong kaafe wëllt, sou kennt dir awer gäeren en Don maachen.