top of page

D'Equippe vum Handball Bieles

Den Handball Bieles huet aktuell folgend Equippen ugemellt:

  • Senior Dames: AXA League

  • Senior Hommes: Promotion

  • Jugend (U11 an 11+)

Opgrond dovun, dass den HBB zu Bieles nei opgebaut gëtt, wäerten an de nächste Méint d'Jugendequippe reforméiert ginn. Weider Informationen heizou gëtt et an nächster Zäit.

D'Dammen

D'Dammenequipe vum Handball Bieles spillt zënter der Saison 20/21 an der éischter Divisioun (AXA League). Doniewt spillen d'Dammen och d'Coupe de Luxembourg.

Ronn 20 Dammen, dorënner 3 Goalkeeper kämpfen fir den Erhalt an der éischter Divisioun.

Trainer: Jozsef Lencses

Equipe2022_small.jpg
Gruppefoto FLH_edited.jpg

D'Hären

2019 huet den HBB no laange Joeren erëm eng Härenequippe agefouert.

Si spillen an der Promotioun vum Championnat.

Ronn 25 Feldspiller an 2 Goalkeeper wëlle sech an hierer zweeter Saison beweisen.

Trainer: David Gyafras

Jugend

Den Handball Bieles huet ugefaangen eng ganz nei Jugend-Equipe opzebauen. Aktuell besteet dës Equipe aus 13 Kanner an der Kategorie U11. Fir d'Saison 2022/2023 plangt den HBB, eng U13 unzemellen.

Trainer: Marielle Schmitz

Beach_Jugend.JPG
bottom of page