top of page

Fairplay a Respekt!

Eng Kampagne vum Handball Bieles

Den Handball Bieles leet vill Wäert op Fairplay a Respekt. Dofir huet den Handball Bieles seng Campagne Fairplay a Respekt lancéiert.

Et ass e Message deen de Responsabele vum Handball Bieles vill um Häerz läit: am Sport soll de Fairplay ëmmer am Mëttelpunkt stoen. Och wa sech zwou Equippe géintenee stinn, och wann et wichteg Matcher oder manner wichteg Matcher sinn, esou solle sech all Spiller/inne géigesäiteg fair a mat Respekt behandelen, Beleidegungen a Verletzungen evitéieren. Och all Supporter, egal wéi engem Veräin en ugehéiert an egal op e mat der Entscheedung vum Arbitter averstanen ass oder net, soll de fairen Ëmgang ni vergiessen. Et ass Sport, an hei soll de Spaass an de Fairplay am Vierdergrond stoen! 

 

Den zweete Message vun der Initiative ass awer op d’mannst genau sou wichteg. Wéi iwwerall am Liewen soll och am Handball de Rassismus an d’Diskriminatioun vun Leit mat anerer Hierkonft oder Orientéierung ee fir allemol der Vergaangenheet ugehéieren. An engem Club wéi den Handball Bieles, an deem Spillerinnen a Spiller vun alle Nationalitéiten zesumme kommen ass dëse Message fir jidderee wichteg. Mir soe ganz kloer Nee! Zu Rassismus – Nee! Zu Diskriminatioun! Och wann aktuell vill iwwert dëst Thema diskutéiert gëtt, sou soll dëst awer net just haut a muer gëllen, mä all Dag! 

Aus wat besteet eis Campagne?

  • e Spot iwwert de Fairplay, deen bei all Heemmatch gespillt gëtt, an d'Leit zum Fairplay oprifft

  • e Spot: Nee zu Rassismus, deen och bei den Heemmatcher diffuséiert gëtt

  • Panneau'en, déi déi wichtegst Messagen resuméiert

Mir motivéieren all Spillerin, all Spiller an all Supporter zesummen dofir ze suergen, dass den Handball och weiderhin dat ass wat e bis elo ass, nämlech e wonnerschéine Sport an deem d’Leit zesumme sinn, zesumme feieren an och zesumme Nidderlagen erliewen.

Dir wëllt eis bei dëser Aktioun ënnerstëtzen? Deelt eise Message op Facebook! Merci fir Är Mathëllef

Merci dem Chris fir d'Spot'en

Nee zu Rassismus (HB Bieles)
Fairplay (HB Bieles)
Fairplay HBBieles.jpg
Nee zu Rassismus HBBieles.jpg
bottom of page