top of page

Kannercampus Belval

De Centre Sportif Kannercampus Belval ass d'Sportshal vum Handball Bieles. An dëser moderner, 2021 fäerdeg gestalltener Hal, trainéiert a spillt den HBB.

Dës Hal ass mat allem néidegen équipéiert an och komplett un d'Besoin'en vum HBB adaptéiert ginn.

6 modern a groussräimeg Vestiairen fir d'Equipen, 2 Vestiairen fir d'Arbitter, eng grouss Buvette mat Bléck op d'Feld an eng Tribune fir 240 Sëtzplaazen an 260 Stéiplaazen.

D'Sportshal ass gutt un den ëffentlechen Transport ugebonnen a fir personnes à mobilité réduite accessibel.

Parkplaazen sinn der limitéiert virum Kannercampus disponibel. Alternativ recommandéiere mir Iech, an der rue Waassertraap ze parken oder mam ëffentlechen Transport ze kommen.

Adresse:

1, passage Pablo Picasso

L-4468 Belvaux

Am Navi: Avenue du Blues (Belvaux)

Kannercampus_200902-0576.jpg

Wéi kommen ech dohin?

Accès Kannercampus

Accès via Belval:

RP Raemerich - Sortie Belval - Porte des Sciences - Porte de France - BD du Jazz - Avenue du Blues - Passage Pablo Picasso - Ze Fouss bei d'Sportshal

Hei sti just limitéiert Parkplaazen zur Verfügung. Parkplaazen fir PMR stinn hei zur Verfügung, grad wéi Plaaze fir Motorieder.

Accès via rue Waassertraap:

route d'Esch - rue Waassertraap (hei sti vill Parkplaazen zur Verfügung) - ze Fouss iwwert d'Foussgängerbréck - ze Fouss bei d'Sportshal

bottom of page