top of page

CovidCheck "2G+" fir d'Matcher

Mir wëllen Iech informéieren, dass d'Matcher vum HB Bieles entspriechend dem aktuelle Gesetz ënnert dem COVIDCheck Regime "2G+" organiséiert ginn.


Deementspriechend kenne just geimpften oder geheelte Persounen Accès zu de Matcher kréien. Zousätzlech muss all Persoun negatif getest sinn (Autotest ob der Plaaz, zertifizéierte Schnelltest < 24h oder PCR-Test < 48h jeeweils mat engem QR Code). Persounen, déi eng Opfrëschungsimpfung (Booster) kruuten, sinn vun dëser Testpflicht net betraff. Zousätzlech muss all Persoun eng Pièce d'identité virweisen (Carte ID, Pass, Führerschäin, Schülerkaart mat Foto).

Kanner ënner 12 Joer an 2 Méint faale net ënnert dëse Regime.


Bedéngt duerch dës Reegele bleiwt eis Buvette weiderhin OP, et ass keng Maskepflicht an et gëtt keng fest Plaazen.



Dës Reegele gëlle selbstverständlech och fir all Spiller, Offiziellen a Staff.


Mir soen Iech Merci fir Ärt Versteesdemech.


bottom of page