top of page

Handball Bettembourg gëtt Handball Bieles

Mat dësem Schreiwes deelt den HBB mat, dass de Club ab haut, 14. Februar 2021, net méi ënnert dem Numm Handball Bettembourg gefouert gëtt. Wéi an enger Rei Presseartikelen ze liese war, ass den HBB an eng Testphase mat der Gemeng Suessem agaangen. Dorops hin huet d’Gemeng Bettembourg dem Club en Ultimatum bis den 1. Mäerz gestallt, fir eng fréizäiteg Entscheedung iwwert d’Zukunft ze treffen. Den HBB hhuet doropshin entscheed, d’Relatiounen mat der Gemeng Beetebuerg folglech op den 14 Februar 2021 opzeginn. Dëst bedeit, dass de Club netméi op d’Infrastrukturen vun der Gemeng Beetebuerg zréckgräife kann an och net méi ënnert Handball Bettembourg optrëtt.


Den Club heescht domat ab haut net méi Handball Bettembourg mä Handball Bieles. D’Ofkierzung vum Club bleift weiderhin HBB. Well et sech just em eng Ännerung vum Numm handelt, bleiwt de Club dee selwechten an et huet keng Repercutiounen op d’Championnat oder eis Equippen. Och wann den Handball Club ab haut e neien Numm huet, a wéi och schonn an der Presse geschriwwen, seng Traininger a Matcher zu Bieles ofhällt, sou ännert dat näischt un der Testphase, déi tëscht dem HBB an der Gemeng Suessem ausgehandelt ginn ass. Den HBB ass domat an enger Testphase an der Suessemer Gemeng, an dëst bis de Summer. De Wiessel vum Numm bedeit also keen definitive Wiessel. E Retour op Beetebuerg dogéint ass ausgeschloss. De Siège social ass net méi zu Beetebuerg, mä iwwergangsphaseg beim President.


Duerch d’Ännerung vum Numm an Handball Bieles, wiesselt de Club och ab haut seng Corperate Identity : de Logo, d’Internetsäit, asw. D’Uniformen bleiwen awer déi selwecht. Duerch d’Ännerung vum Logo a Numm wiesselt de Club och seng Internetsäit-Adress, Mailadressen an och Social Media Accounts.



De Club spillt seng Matcher an och seng Traininger zu Bieles am Kannercampus. Hei hunn d’Traininger am Januar ugefaangen, den éischte Match gouf schonn den 6. Februar gespillt. Mir wëllen awer ënnersträichen, dass do nach keng definitiv Entscheedung getraff war an och elo dës réicht am Summer geholl gett.


Mir sinn eis bewosst, dass dëse Schrëtt eng Rei Froen opwerft a sécherlech och bei deem eng oder aaneren op Onverständnis stéisst. D’Grënn fir de Wiessel wëlle mir net weider an der Ëffentlechkeet diskutéieren, dës sinn ënnert de concernéierte Partner beschwaat ginn. Mir wëllen awer zu e puer Saachen Stellung huelen.

Et stëmmt net, dass d’Entscheedung iwwert e Wiessel scho getraff war, ouni dass d’Memberen informéiert gi sinn. D’Gespréicher tëscht dem HBB an der Gemeng Suessem si wuel dat lescht Joer schon ugelaaf, entscheed war awer nach näischt. Initial sollten d’Senior-Equippen vum HBB fir de Recht vun der Saison zu Bieles spillen an Enn der Saison gemeinsam eng Entscheedung getraff ginn. Dëse Gedanken huet missen duerch e Schreiwes vun der Gemeng Beetebuerg allerdéngs missten ugepasst ginn, wourops hin eng Reih Versammlunge statt fonnt hunn. Réicht den 11. Februar ass d’Entscheedung getraff ginn, fir d’Relatioun mat Beetebuerg opzeléisen. Dës weideren ënnersträiche mir nach eng Kéier, dass et sech ëm eng Testphase zu Suessem handelt, wou d’Gemeng am Summer nach ëmmer e Veto-Recht huet, sollt et zu iergendwelchen Tëschefäll kommen, wouvun awer béid Partner net ausginn. Dass scho virdrun am signalétique vum Club um Site vun der FLH de Kannercampus als „Austragungsort“ vum HBB opgelëscht war, huet domat ze dinn, dass d’Matcher do gespillt gi sinn a gespillt ginn.


Et ass eis als Club wichteg ze soen, dass et hei net dorëms geet, 30 Joer Veräinsgeschicht ob en Enn ze bréngen. Och wann de Club a senger aktueller Form mat sengen Equippen de Standuert wiesselt, sou waert et ëmmer méiglech sinn, d’Geschicht zu Beetebuerg vun engem Handball weider ze féieren a mir sinn iwwerzeecht, dass dëst och waert vun engem garantéiert ginn.


De Club wäert sech elo op déi verbleiwend Méint vun dëser Saison konzentréieren, de Jugend-Training wäert och heibäi natierlech net vernooléissegt ginn. D’SpillerInnen vun Club an de Comité stinn hannert dësem Schrëtt a sinn iwwerzeecht, dass et déi richteg Entscheedung war. Heiduerch kritt de Club vill nei Méiglechkeeten, op déi mir wëllen ziele kennen. Mir wëllen der Gemeng Suessem elo schon vu ganzem Häerzen e grousse Merci soen fir d’Ënnerstëtzung an d’Vertrauen an virun allem fir déi Chance, déi mir kréien. Mir hoffen all, dass mir am Summer aus der Testphase en definitive Projet kenne maachen, deen Sportsbild vu Suessem laangfristeg präge wäert.


Mir wëllen awer och der Gemeng Beetebuerg Merci soen, fir all déi Joeren wou de Club zu Beetebuerg säin doheem war. E Merci geet un d’Personal vun der Sportshal, un den aktuellen an déi fréier Schäfferéit an un déi Leit déi eis ënnerstëtzt hunn. Och wann elo e neit Kapitel ufänkt, sou wäert dës Zäit awer ni vergiess ginn.


De Club wäert Iech um Enn vun der Saison och informéieren, wéi et weider geet.



Mat sportleche Gréiss

Handball Bieles




bottom of page