top of page

Quiz-Owend vum Handball Bieles

Samschdes den 6. November huet den Handball Bieles säin éischt Evenement organiséiert: de Quiz-Owend. 16 Equippen hunn deelgeholl.


Wat ass d'Haaptstaat vu San Marino? Wéi grouss ass eng Standard-LEGO®-Figur? An 9 verschidde Ronnen zu ënnerschiddlechen Themen (e.a. Lëtzebuerg, Geographie, Naturwëssenschaften, Marken a Werbung) hunn d'Equippen hier Wësse missten ënner Beweis stellen. 16 Equipen hu bei dëser éischter Editioun deelgeholl (tëscht 3 an 8 Leit pro Equipe). De Spaass war beim Rätsele garantéiert. Niewt theoretesche Froen hunn och eng Rei praktesch Aufgabe missten bewältegt ginn (wéieng Mark Waasser ass et?).




Vun de 16 Equippen konnten der 3 um Enn den Titel ënnert sech aus maachen:

  1. Suppertrüppchen (Bong am Wäert vun 150€ fir am FreeTime)

  2. GruppSchluppWupp (Bongen fir am Piccolino Péiteng)

  3. Equipe vum Meeschter Gelangmo Pelsangpur Rangjung (Ticketen fir an de Kinepolis)

Déi 3 Beschtplazéiert kruute niewt dem Gewënn och jeeweils VIP-Ticketen fir een Heem-Match vum Handball Bieles geschenkt.




Doniewt gouf et All-You-Can-Eat Nuddelen mat 3 verschidden Zoosen. Fir Iessen an och den Dessert war natierlech och beschtens gesuergt.


Mir soen alle Bedeelegte Merci a freeën eis ob eng 2. Editioun am Joer 2022.

bottom of page