top of page

QUIZ-Owend

Den Handball Bieles organiséiert säin elo schonn traditionellen Quiz-Owend. Dir wëllt Äert Wëssen ënner Beweis stellen oder testen? Da maacht mat bei eisem Quizowend! Mat Froen aus allen Themeberäicher, vum Allgemengwëssen, iwwer spezifescht Wëssen zu Lëtzebuerg bis hin zu de neiste News! An dat bescht dobäi: fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt!

Allgemeng Informatiounen:

  • Wéini? Samschdeg 4. November 2023

  • Auerzäit? 19:00 - 23:00; d'Dieren ginn um 18:00 op

  • Wou? Centre Polyvalent zu Suessem (41, rue de Niederkorn L-4990 Sanem)

  • Sprooch vun de Froen? Lëtzebuergesch

  • Iessen? Chili con Carne oder Chili sin Carne

  • Wien däerf matmaachen? Jiddereen! Mannerjäreger brauchen allerdéngs eng Autorisatioun parentale oder mussen a Begleedung vun engem Erzéiungsberechtegten sinn

D'Equippen​:

  • Dir triet eleng oder an der Equipe un 

  • Maximal 6 Persoune pro Equipe (mat Kanner kann dës Zuel erhéicht ginn)

Präiss​

  • Startgeld + Iessen: 20,00 €/Persoun

  • Bezuelen kennt dir am Viraus, iwwert Digicash oder Iwwerweisung

  • Mir akzeptéieren de ganzen Owend Boergeld, Digicash a Kaart

Umeldung?

Mer brauchen just folgend Informationen:

  • Wei vill Membren dir sidd

  • Den Numm vun da Equipe

  • Wat well all Member iessen


    Umellen kennt dir iech via Facebook, E-mail (info@handball-bieles.lu) oder einfach op den Knäppchen drécken

3_20230820_182040_0001.png
  • Facebook
  • Instagram
bottom of page